|
Sensibiliséirung an de Schoulen |
|
|
|
|
Written by Torsten Hössler
|
|
Monday, 08 March 2010 |
|
Primärschoul om Bridel
Den 17. Dezember war eng Kreschtfest, wou 3000 Euro gesammelt goufen. Elo am Januar war d' Scheckiwwereechung, wou mer virun den 02., 04. a 06. Schouljoeren geschwat hun. Si hun interessant Froen an Bemierkungen gemeet. Een Jong aus dem 04. Schouljoer war dono bei eis kommen, fir ze froen, wéi heen sich kann engagéieren. Immens léif, well mir all Hellef kennen gebrauchen. Mir kucken, wat dee Jung kinnt man. 
Lycée ze Péiteng: Den 27. Januar waren 3 Memberen vum Soleil fir eng Sensibiliséierungscampagne an de Lycée op Péiteng. An 3 Klassen hu si Atelieren ugebueden. Am Ganzen goufen 9 Themen behandelt, wou d'Kanner op Froen hu mussen äntweren, déi si op eisen Panneauen konnte fannen. En plus gouf vill Material, wat um Burkina Faso gemaach gouf, an afrikanesch Instrumenter gewisen. Dono gouf am grousse Groupe dat Ganzt opgeléist. Weider geet et elo Mëttwochs den 04. März mat der Journée "Bol de riz". Hei verzichten d' Kanner op hiert Kantinsiessen an kréien, ganz esou wéi och déi Kanner am Burkina, eng Schossel Räis. De Betrag, waat engt Kantinsiessen kascht, wëllen si spenden, fir dat mir domatter kennen am Projet ze Koudougou investéieren.
|
|
Last Updated ( Wednesday, 05 May 2010 )
|